Besser Aestetik a Biodiversitéit durch Planzwänn

Planzwänn

zu Lëtzebuerg designed a gebaut

Mir designen, bauen an installéieren Planzwänn op der Baussefassad vun all Typ vu Gebaier. Mir si stolz op eist Produkt: all Komponente si vun eis entworf an intern hiergestallt. De System gëtt dann vun eis selwer op der Plaz zesummegesat an installéiert. Fir eis ass dauerhaft Ästhetik méi wéi e Verspriechen, et ass eng Garantie.

 De Schlëssel fir eng dauerhaft Ästhetik vun enger Planzwand ass d'Wiel vu Planzen, en einfachen, robuste System fir de Buedem ze halen deen d'Bedierfnesser vun de Planzen respektéiert an en effiziente Bewässerungssystem. Mir baséieren de Choix vun de Planzen op hir Ästhetik an hire Wäert fir d'Biodiversitéit. Mir favoriséieren ëmmergréng Planzen, an enger Mëschung déi eng verlängert Bléizäit bitt an d'Faarwen an d'Texturen iwwert d'Méint wiesselt.

Mir benotzen Gabiounen aus galvaniséierte Stahlgitter déi mat engem Geotextil bespaant sinn fir de Buedem ze halen. Um Enn vun hirer Liewensdauer kënnen d'Komponente liicht getrennt a recycléiert ginn. Mir huelen eng lokal Mëschung aus Buedem a vulkaneschem Kies als Wuessmedium wéinst senger oppener Struktur, nidderegem CO2 Ausstouss a senger Nohaltegkeet. Eng Mikroprozessor kontrolléierten autonomen Anlag iwwerhëlt d‘Bewässerung. Eis Bewässerungsanlag kann einfach aus engem Reewaasserfaass gespeist a vun engem Solarpanneau mat Energie versoucht ginn. Nohaltegkeet ass de Prinzip op deem eisen Design fousst. Mir schaffe mat de Bauingenieuren an anere Baufachleit zesummen fir eis Léisung un déi spezifesch Ufuerderunge vun Ärem Gebai unzepassen. Rufft eis un oder mail eis fir Äre Projet ze diskutéieren.

green wall luxembourg
Jardin communautaire Sanem

A green wall is taking shape

en autonomt, solar-gedriwwend Bewässerungssystem

Automateg Bewässerung

fir jiddereen

Eis Bewässerungsanlag brauch keng Verbindung zum Waasser- oder d‘elektrescht Netz. De Waasserdrock gëtt vun enger Pompel opgebaut déi vun engem Solarpanneau gespeist gëtt. 

D'Waasser gëtt aus engem Tank geholl, am Idealfall engem Reefaass. E Set vu Magnéitventile verdeelt d'Waasser op verschidden Zonen. De System gëtt vun engem programméierbare Mikrokontroller gesteiert. 

D Fiichtegkeet vum Buedem gëtt mat Sensoren gemooss, déi d'Bewässerung ausléisen wann néideg - a Waasserverschwendung duerch Iwwerbewässerung vermeit.

News & Events

Currently no upcoming event planned.

Iwwer eis

Jiddereen sarl SIS, eng sozial an ökologesch nohalteg Firma gouf 2017 gegrënnt. Mir sinn Ingenieuren a mir designen, bauen an installéieren eis Produkter selwer - de komplette Service aus enger Hand. Do sinn mir houfreg drop!

Mir freeën eis drop vun Iech an Ärem spannende Begréngungsprojeten ze héieren.

Kuckt de Video

Get in touch !

Jiddereen sarl SIS
1535° Creative Hub
115A, rue Emile Mark
L-4620 Differdange
Luxembourg